“Mir maachen de Punkt” ass ee Medieprojet vum Service national de la jeunesse dee sech u Jonker aus dem Enseignement Secondaire riicht. D‘Zil vun dësem Projet ass déi aktiv Participatioun um gesellschaftlechen Discours an d‘Ausernanersetzung mat aktuellen Themen. Dëst virausgesat produzéieren déi Jonk den inhaltlechen a kreative Contenu vun enger Late-Night-Show. Dobäi kréien si engersäits een Abléck an déi journalistesch/cinéastesch Methoden an erhalen anersäits d‘Chance fir sech mat Expert*innen auszetauschen.
D’Resultat vun der Show kënnt dir hei gesinn.
Méi Informatiounen an Umeldung: erliewen.snj.l...
Opzeechnung vun der Show: 26.03.2024
_________________________________________________________________________ Participanten: D’Schüler*innen vun der 2e A-LLCO aus dem Lycée Robert-Schuman
__________________________________________________________________________
Invité: Anne Calteux (Vertriederin vun der Europäescher Kommissioun zu Lëtzebuerg) _________________________________________________________________________
Musik: “The Berlin Connection" by Duke Herrington
17 апр 2024