“Mir maachen de Punkt” ass ee Medieprojet vum Service national de la jeunesse dee sech un Jonker aus dem Enseignement Secondaire riicht.
D‘Zil vun dësem Projet ass déi aktiv Participatioun um gesellschaftlechen Discours an d‘Ausernanersetzung mat aktuellen Themen. Dëst virausgesat produzéieren déi Jonk den inhaltlechen an kreative Contenu vun enger Late-Night-Show. Dobäi kréien se engersäits een Abléck an déi journalistesch/cinéastesch Methoden an erhalen anersäits d‘Chance fir sech mat Expert*innen auszetauschen.
D’Resultat vun der Show kënnt dir hei gesinn.
Méi Informatiounen an Umeldung: erliewen.snj.lu/activites
Opzeechnung vun der Show: 28.03.2023
_________________________________________________________________________
Participanten: D’Schüler*innen vun der 2e A-LLCO aus dem Lycée Robert-Schuman
__________________________________________________________________________
Invité: Pit Scholtes (Journalist bei Reporter.lu)
_________________________________________________________________________
Musik: “The Berlin Connection" by Duke Herrington
20 апр 2023