Hues du schonn vum #BeActive@Jugendhaus héieren? Wann net ass dëst déi eenzegaarteg Geleeënheet fir eppes Neies kennen ze erliewen.
Bass du interesséiert (nei) Sportaarten kennenzeléieren? Zesummen mat aneren Jonken Freed a Spaass un der Beweegung ze hunn? Dann hues du vum 23. September bis den 30. September d'Chance dofir!
An där Woch kanns du verschidden Sportsatelieren a verschiddenen Jugendhaiser entdecken!
Wann's du interesséiert bass, mell dech beim jeeweilegen Jugendhaus fir déi verschidden Aktivitéiten un!
Et ass sécherlech eppes dobäi, och fir dech! 🚴♀️🤾♂️🤸♀️
Dëse Projet leeft am Kader vun der Europäescher Sportswoch déi all Joers Enn September stattfënnt #beactive.
31 июл 2023