Jonk Kreativer produzéieren zesumme Bicher fir Kanner vun 0 bis 4 Joer - an dat bannent engem 24-Stonnen-Hackathon. Bass du prett fir dësen Challenge?
De BookAthon ass e fonkelneie Projet VU JONKER FIR KANNER. Ënnerstëtzt gëss du vu Kannerbuchautor·innen, Illustrator·innen a Graphic Designer·innen. Lass geet et de 14. Oktober 2023 mat engem Kick-Off Event. De BookAthon selwer ass vum 2. bis 4. November 2023 am Makerspace am Forum Geesseknäppchen.
23 апр 2023