Den Escape area Fort Terraviva 2023 ass e Good-Practice-Beispill vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten, dat als Inspiratioun fir de Jugendsecteur déngt. Hei gëtt gewisen, wéi een de Jonken Nohaltegkeet ka vermëttelen an dat op eng interaktiv a spaasseg Aart a Weis.
D’Welt ass duerch Naturkatastrophe bedroht an déi Jonk mussen Escape rooms zu de 4 Naturelementer duerchlafen an d’Rätsele léise fir d’Welt ze retten.
Sou gi si op eng spilleresch Method mam Theema vun der Eco-Responsabilitéit vertraut a maache sech Gedanken iwwert hiren Ëmgang mat de Ressourcen.
15 окт 2023